„Raisonnement Logique et Mathématique”
«PORTFOLIO», an d’„PORTFOLIOSAARBECHT” ass mëttlerweil e feste Bestanddeel vun eise Schoule ginn.
Nodeem dass d’AIP scho fir d’Rentrée 2011/2012 den ECH-Deel, an den Dossier vun der Sprooch vereenheetlecht huet, si mir elo frou, fir Iech kënnen den Dossier vun der Mathematik ze presentéieren.
Fir den Ufuerderungen aus dem „Plan d’études” gerecht ze ginn, hu mir versicht déi meeschte Kompetenzen, déi ze fërdere sinn, duerzestellen.
D’Blieder aus dem Dossier solle/brauche/mussen net alleguerte gebraucht ginn.
Den Enseignant soll selwer entscheeden, wat fir dat eenzelt Kand Sënn mécht.
Den „AIP-Kompetenzdossier” vun der Mathematik ass als Ausgangsbasis geduecht a kann natierlech vun all Enseignant jee no Besoin, jee no Klass oder no Virléifte verännert, verbessert oder ausgebaut ginn.
104 faarweg Säiten.