Et ass d’Geschicht vun enger butzeger Maus, déi sech op d’Sich mécht no dem stäerksten Déier ...
Déi eng Déiere wierke kleng a schwaach, awer si kënne ganz schéi staark a couragéiert sinn ! Aner Déiere gëllen als staark a couragéiert, awer hunn déi wierklech sou vill Mutt ?
Loosst Iech iwwerraschen ! E Buch, dat Mutt mécht, iwwert sech erauszewuessen ...
Billerbuch « MINIMAUS » gouf geschriwwen a gemoolt vum Dany Gales. Wéi hiert Buch « KOLJA A GALINA, wa Kuebe reesen », ass och dëst eng witzeg Déieregeschicht mat grousse faarwege Biller,
déi op Holz gemoolt gi sinn.
Dir kënnt d’Minimaus op Lëtzebuergesch bestellen.
Zousätzlech sinn hannen am Buch déi aner Iwwersetzungen vum Text.