An der Blumm sëtzt op eemol eng zierlech Elf mat engem lila-mauven, duerchsiichtege Kleed. Hir käschtebrong gekrauselt Hoer falen hir bis op d’Hëft. (...)
Aus hirer renger Hand geheit s’iwwert d’Lara e Grapp voll Blummepollen, dee wéi gëllene Reen laanscht hatt erof fiselt. Do, wou en hifält, geet de Buedem auserneen, bis en déift Lach entsteet.
Wéi d’Lara d’Elf froe wëllt, wouhin dat schwaarzt Lach féiert, ass keng Elf méi do. Ouni ze zécken krabbelt d’Lara dorop lass a léisst sech um Hënneschten an d’Däischtert erarëtschen.
Op krommen, knubbelege Bamwuerzele flitzt d’Lara ëmmer méi séier an ëmmer méi déif erof ...